Yoga mam Christine - Do. Owes
Lues fléissend Yogasequenzen déi de Kierper stärken an de Geescht entspanen.
Fir Leit mat Yogaerfahrung an Ufänger.Yoga Doux (FR) avec Christine
Convient aux débutants. C'est le seul cours en français pour le moment.
Ce cours est composé d'exercices de mobilisation et de respiration, de postures de yoga simples et douces pour les articulations, les mouvements sont effectués lentement. Nous utilisons des briques, des coussins ou des chaises pour rendre certaines postures plus accessibles.Yin Yoga mam Laetitia
Yin Yoga lued zur Introspektioun an. D'Postüre ginn am Sëtzen oder am Leien ausgefouert a ginn iwwer länger Zäit gehalen wouduerch d'Bindegewebe beuspracht gëtt an d'Flexibilitéit verbessert gëtt.
Et geet awer net nëmmen ëm Dehnung, et geet ëm Gedold, Lassloossen an Entspanen.
Mat hierem luesen Tempo ass Yin Yoga déi perfekt Ergänzung zu den aktiven an dynameschen Trainingsformen déi s du méiglecherweis nach bedreiws. E suergt dofir, dass du, während s du däi Kierper u seng Grenze brengs, him och déi Entspanung an Erhuelung gëss, déi e brauch.
Dëse Yogastil ass och besonnesch gutt fir d'Gelenker gesond ze halen.
Ufänger häerzlech wëllkomm.
Du kanns däi Cours boer sur place bezuelen (net mat Kart) oder e Carnet vu 5 Coursen vu 75 Minuten (Ënnert der Rubrik "Abonnements" op der 1. Säit) fir 115€ online kafen. Dëse kanns du fir dem Laetitia an dem Christine seng Coursen notzen. Fir en Abonnement fir dat ganzt Trimester kanns du mech gäre kontaktéieren (am Abo kascht e Cours 21€).